Entrepreneurial Day 2026

Inspiratioun fir d’Zukunft: Table ronde, Atelieren a perséinlech Erfahrunge vu bekannten Entrepreneuren hunn den Entrepreneurial Day zu engem richtegen Highlight gemaach.

23.04.2026

Donneschteg, den 23.04.2026 huet d’cellule d’Orientation (CELLO) aus dem Maacher Lycée, an Zesummenaarbescht mam Jean Junck, Expert Externe, hieren 5. „Entrepreneurial Day“ fir hier 2e Klassen (Klassik, Général an formation professionnelle) am Kulturzentrum Machera organiséiert.

MLG Entrepreneurial-Day 2026
MLG
MLG Entrepreneurial-Day 2026
MLG

Um Programm stoung als eischt eng table ronde zum Thema “Entrepreneursgeescht an d’meeschteren vun Herausfuederungen am Beruff ». Un dëser table ronde hunn d’Marie-Lou Haentges vum Stitch an d’Isabelle Lentz vun der Brasserie nationale deel geholl. Moderéiert gouf des table ronde vum Jean Junck souwéi dem Clarissa Tursi an dem Soraya Gonçalves Loureiro, 2 Schülerinnen vun der 2TPCM aus eisem Lycée.

Uschléissend stoungen 4 Atelieren um Programm, woubei all Schüler un 2 Atelieren konnt deel huelen. Des Atelieren goufen ugebueden vum Marie-Lou Haentges (Stitch – https://stitch.lu/), dem Isabelle Lentz (Brasserie Nationale – https://visitebrasserienationale.com/), dem Gaelle Filiu a Rémi Rodrigues (Kinepolis – https://kinepolis.lu/) an Daniel Dolinski, Bruno Cardoso souwéi Lex Schmitt (Spuerkees – https://www.spuerkeess.lu/).  

MLG Entrepreneurial-Day 2026
MLG

No engem gemeinsamen Mëttegiessen beim LëtzeBurger (https://letzeburger.lu/) wou jidfer SchülerIn een Burger-Menü vum Maacher Lycée offréiert kruut, huet den Antoine Clasen vun den Caves Bernard Massard (https://www.bernard-massard.lu/en/) nach als „Guest Speaker“ iwwert sein Wee an engem groussen a bekannten Familjenbetrieb referéiert woubei hien de Schüler een flotten an perséinlechen Abléck an hir Familjenentreprise erméiglecht huet.

Allen an allem war et een gelongenen 5. „Entrepreneurial Day“ wou d‘Schüler d’Informatiounen an d’Erfahrungen vun den Acteuren vum Terrain aus 1. Hand kruut hunn.