Den éischte Schrëtt an d’Studium: Mat vill nëtzlechen Informatiounen a perséinlechen Erfarunge goufen d'Schüler op hir Zukunft no der Schoul virbereet.
17.10.2025
Am Kader vun der 39. Studentefoire hunn d’Caroline Haas an den Yannick Bertrand vun der „cellule d’orientation et d’intégration scolaires – CELLO“, d‘Schüler vun allen 1C, 1G an 1TP-Klassen aus dem Maacher Lycée iwwert potentiell Studien informéiert. D’Ziel war de Schüler bewosst ze maachen wéi wichteg et ass sech (fréizäiteg) Gedanken iwwert hier Zukunft ze maachen. D’Schüler kruten Erklärungen zu den diversen Studieméiglechkeeten, den Spezifizitéiten je no Studieland an de Konditiounen fir d‘Studentebourse souwéi de Studenteprêt ze kréien. De Yannick Bertrand huet, als ancien Member vun der ACEL, iwwert d’Roll vun de Studentecercelen opgeklärt, de Projet „Student fir 1 Dag“ viirgestallt an och nëtzlech Informatiounen zu dem Studenteliewen duer geluecht.

Den 30. an 31. Oktober hunn d’SchülerInnen dann d‘Méiglechkeet sech mei am Détail op der Studentefoire um Belval ze informéieren.