DT – DAP Workshops am Maacher Lycée

Zukunft konkret entdecken: Bei de Workshops konnten d'Schüler déi villfälteg Formatiounen am DT an DAP hautno kenneléieren.

09.03.2026

Den 9. Mäerz huet d’Cellule d’orientation et d’intégration scolaires, zesumme mat den Enseignanten aus der Formation professionnelle, Workshopen organiséiert fir déi verschidde Formatiounenvirzestellen déi am Beräich vum DT (Diplôme de technicien) an DAP (Diplôme d’aptitude professionnelle) am Maacher Lycée ugebuede ginn.

Interesséiert Schüler aus de Klasse 5P, 5AD an 5G haten dobäi d’Geleeënheet, sech iwwer déi verschidden Ausbildungen ze informéieren an en Abléck an déi jeeweileg Beruffer ze kréien.

IMG_8042
Elektro

Am Maacher Lycée ginn an der Formation professionnelle follgend Ausbildunge ugebueden:

Diplôme de technicien (DT): Administration et commerce / Mécanique générale (Nei ab September 2026/2027)

Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP): Agent administratif et commercial / Agent d’inclusion / Agent socio-pédagogique / Coiffeur / Électro-Technologies / Mécanicien industriel et de maintenance / Menuisier

Certificat de capacité professionnelle (CCP) : Assistant d’accompagnement au quotidien

Weider Informatiounen zu der Schouloffer vum Maacher Lycée fannt Dir op eisem Internetsite: www.mlg.lu