Mini Business Case – Orientation 3CG/3CD

Wéi eng Entreprise denken: An engem interaktive Workshop hu d'Schüler konkret Business-Decisiounen getraff a sech un engem reelle Budget-Challenge probéiert.

10.12.2025

Am Kader vun der Orientatioun déi no der 4ème usteet, koum den 10. Dezember den Jean Junck, expert externe, op eis 4C1 an 4C2 fir matt hinnen ee „mini business case“ duerch ze spillen an hinnen sou een Abléck ze ginn waat fir deeglech Challengen sech eng Entreprise ze stellen huet.

Image (48)
Image (42)

An jeweils 2 Gruppen pro Klass hunn d’SchülerInnen sech missen iwwerleen waat ob déi portugiesech Ambassade vu Käschten geif duer kommen wann si een Event fir 210 Leit geifen am Juni 2026 an dem Atrium vum Hotel Sofitel (Grupp Accor) organiséieren. Si hunn Recherchen gemaach zu den jeweilegen Budgetsposten an d’Ziel war et sou no wéi méiglech un den effektiven Budget run ze kommen.   

No enger „mise en situatioun“ an Erklärungen haaten d’SchülerInnen 45 Minuten Zeit fir sech dem Challenge ze stellen. Uschléissend hunn sie hir Viirschéi virun der Klass viirgestallt an hunn dem Jean Junck senge Froen misse Ried an Äntwert stoen. Et war ee flotten 90 minütegen Workshop deen de SchülerInnen ee kléngen Abléck an d’Welt vun der Wirtschaft ginn huet.