Schüler orientéiere Schüler um ESC

Vu Schüler fir Schüler: Bei enger Informatiounsséance konnten d’4C-Schüler hir Froen zu de Sektiounen direkt un 3C-Schüler stellen an esou aus éischter Hand wichteg Ablécker kréien.

23.02.2026

Den 23. Februar huet d’Cellule d’orientation et d’intégration scolaires eng Informatiounsséance organiséiert – vu Schüler fir Schüler.

D’Schüler aus de Klassen 4C1 a 4C2 haten d’Méiglechkeet, hir Froen zu de Sektiounen B, C, D a G, déi de Maacher Lycée ubitt, un d’3C-Schüler aus de jeeweilege Sektiounen ze stellen.

E grousse Merci un déi motivéiert Schüler, déi un dëser Initiativ deelgeholl hunn.

Image (33)