Schüler orientéiere Schüler um ESG 2026-27

Déi richteg Sektioun fannen – mat Hëllef vu Matschüler! Perséinlech Erfarungen, praktesch Beispiller a spannend Ablécker an déi verschidde Spezialisatiounen hunn eise 5G-Schüler gehollef, sech op hir zukünfteg Schoulweeër virzebereeden.

Image (67)

Den 20. Oktober huet d’Cellule d’Orientation et d’Intégration scolaires (CELLO) zesumme mat eise Schüler vun de verschiddene Sektiounen, déi am Maacher Lycée ugebuede ginn, “Schüler orientéiere Schüler um ESG” organiséiert. An engem flotten Échange kruten eis 5G-Schüler erkläert, wat wichteg ass, fir de Choix vun enger Sektioun ze treffen a wat déi perséinlech Erfarunge vun de Schüler op de jeeweilege Sektioune sinn.

Zousätzlech hunn d’Schüler vun de Sektiounen Material, Videoen a Fotoe vun pädagogeschen Aktivitéiten an prakteschen Aarbechten, déi si am Kader vun hirer jeeweileger Spezialisatioun gemaach hunn, matbruecht.

Och goufen eis nei Sektioun „Administrative et Commerciale“ um ESG, souwéi den DT an der „Mécanique Générale“ déi mir zënter dem Schouljoer 2026/2027 ubidden, virgestallt.

Mir soen alle Schüler, déi dobäi waren, a besonnesch eise Schüler vun de Sektiounen villmools Merci fir hiert Engagement.

Image (66)