Op der Sich no der richteger Weiderbildung: D’Studentefoire huet de Schüler eng international Palette u Studien a Carrièren opgemaach – mat vill Inspiratioun fir hir Zukunft.
Maacher Lycée goes Studentefoire
30.-31.10.2025
Och dëst Joer huet d‘cellule d’orientation (CELLO) aus dem Maacher Lycée, nierwt enger Studieninformatiounsprésentatioun, nees eng Visite vun der Studentefoire um Campus Belval fir déi interesséiert 1ère’s SchülerInnen organiséiert.

D’Editioun 2025 vun der Studentefoire huet de 30. an 31. Oktober 2025 statt fonnt. Déi zwee Deeg hunn méi wéi 150 Exposanten aus insgesamt 17 Länner d’SchülerInnen vun den Ofschlossklasse iwwert d’Studieméiglechkeeten, d’Studenteliewen an déi berufflech Perspektiven informéiert.
Och eis Representanten vun dem BTS AMA (assistant médico-administratif) aus dem Maacher Lycée haaten ee Stand wou sech interesséiert SchülerInnen informéiere konnten.
