Vum Schweessen bis zur fäerdeger Maschinn: D’Visitt bei Volvo huet en impressionanten Abléck an d’Produktioun an déi villfälteg Carrièreméiglechkeeten ginn.
Visitt bei Volvo Construction Equipment zu Konz (DE)
17.11.2025
Mir kruten hei no enger Präsentatioun iwwert de Volvogrupp an de Standort Konz och eng Iwwersiicht, wéi eng Ausbildungen ee bei Volvo maache kann, dëst vum Industriemechaniker, bis hin zu Masteraarbechten an den Ingenieurswëssenschaften.
Dono kruten mir eng Visite duerch hir 2 Produktionsstroossen, wou Sie Radlader a Baggeren hierstellen. Dëst vum Ufank, wou de Rahmen geschweesst ginn ass, bis zur fäerdeger Maschinn, déi dann nom duerchlafen vu verschiddenen Statiounen um Enn vun der Produktionsstroos aus der Hal erausgefuer ass.