Eng Initiativ mat vill Häerz: D’Schülerinnen hunn net nëmmen nei Beruffer entdeckt, mee och inspiréierend Begeegnunge mat Mënschen an Institutioune erlieft.
13.05.2026
Den 18. Mee 2026 waren 7 Schülerinnen aus der Klass DC2IC zesumme mat hiren Enseignanten ënnerwee, fir verschidde Léierplazen ze besichen. D’Iddi ass an der Klass entstanen, an zesummen hu mir dës zwou Visiten organiséiert, fir Ablécker an déi verschidde Beruffer a Strukturen ze kréien an och Kontakter mat den Institutiounen ze knäppen.
Moies goufe mir bei Elisabeth am Klouschter (Centre pour personnes handicapées) zu Mondorf häerzlech empfaangen. An dëser Institutioun krute mir d’Wunngruppen, d’Atelieren an den Déierepark gewisen. D’Visitt gouf vun eiser Schülerin Claire Hierzig zesumme mam Directeur adjoint duerchgefouert. Mir konnten vill Froe stellen an haten e flotte Kontakt mat de Bewunner*innen.


No engem gudde Mëttegiessen an hirer Kantin hu mir eis op de Wee op Diddeleng bei d’Fondatioun Kräizbierg gemaach, der Léierplaz vun eiser Schülerin Selina Stefansson. Si huet eis zesumme mat der Direktioun duerch déi verschidden Ateliere gefouert, wou Persoune mat Beanträchtegung schaffen an hire Kompetenzen no ënnerstëtzt ginn.
Mir kruten en Abléck an d’Atelieren: Multimedia, Töpferei, Siebdrock, Drockerei, Comptabilitéit, Gäertnerei a Stéckerei.
Dës éischt Initiativ wäert sécher net déi lescht sinn, well mir eis all eens sinn, datt dëst en Dag voller flotter Impressiounen a wäertvolle Léiererfarunge war.
E grousse Merci geet un eis motivéiert Schüler*innen fir d’Organisatioun an un d’Direktioun vun Elisabeth an der Fondatioun Kräizbierg, déi eis mat oppenen Äerm empfaangen hunn.






