Solar Car Challenge Mäertert

Innovatioun ënner Sonneliicht: Bei der Solar Car Challenge hunn eis Schüler Kreativitéit, technescht Wëssen an Teamgeescht ënner Beweis gestallt.

04.07.2026

Am Kader vun der Solar Car Challenge, organiséiert vun der Gemeng Mäertert, hunn eis Schüler hir eege Solarcaren entwéckelt a gebaut. De Bausaz mat de wichtegste Komponenten gouf vun der Gemeng gestallt, wärend d’Schüler de Chassis an d’Lenkung selwer konstruéiere missten.

Solar4
default
Solar2

Um Renndag, den 4.Juli am Funpark zu Mäertert sinn déi verschidde Gefierer an de Kategorien Vitesse, Technik, Kreativitéit a Geschécklechkeet géinteneen ugetrueden.

Mir si besonnesch houfreg, dass ee vun eisen Teams d’Kategorie Kreativitéit gewonnen huet. 

E grousse Merci un d’Gemeng Mäertert fir dëse flotte Projet an un eis Schüler fir hiren Engagement an hir super Aarbecht!