Fir d’Rechter vu Kanner anstoen: Am UNICEF-Workshop hunn d'Schüler wäertvoll Ablécker an d’Mënscherechter kritt an hir zukünfteg Roll als engagéierten Fachleit gestäerkt.
D’Kannerrechter stinn am Mëttelpunkt , fir eis Kanner hei an op der ganzer Welt.
28.11.2025
Eis Ofschlossklassen aus der DAP-Education haten d’Méiglechkeet, un engem spannende Workshop vu UNICEF deelzehuelen. Den Atelier war net nëmme léierreich, mee huet och vill wichteg Ablécker an d’Thema Mënscherechter a besonnesch d’Kannerrechter ginn.
An hirer zukünfteger Aarbecht als agent socio-pédagogique kréien dës Rechter eng zentral Bedeitung. Eis Schüler*innen léieren, wéi si sech an Zukunft mat Kompetenzen an Empathie fir d’Rechter vu Kanner asetzen kënnen.
E grousse Merci geet un Rebecca a Michèle fir hire kompetente, inspiréierenden an dynamesche Bäitrag zu der Aarbecht vun UNICEF.






