Classe de Mer 2025 – Woch 2.1

Volle Programm vum éischten Dag un: Tëscht Waassersport, Vëlofueren a Volleyball hunn d'Schüler en aktiven Dag mat vill Ofwiesslung a Genoss erlieft.

Gutt ukomm!

12.10.2025

Hei e puer Andréck vum éischten Dag. No engem ausféierleche Früstück goung et un déi éischt Aktivitéit (Seegelen, Catamaran, grousst Stand-up Paddle, Wandsurfen, oder mam Vëlo fueren). Mëttes gëtt et ëmmer eng grouss Auswiel un Iessen. Haut zum Beispill: Chicken McNuggets, Fësch, Schwéngefleesch, Zaloten, Kéis, Figen a Pudding. D’Paus gëtt mat Volleyballspill iwwerbréckt, fir duerno nom Mëtteg eng weider Aktivitéit ze maachen.

IMG-20251013-WA0025