Classe de Neige 2026 – Drëtte Skidag

Fortschrëtter am Schnéi: Eis Schüler ginn ëmmer méi sécher op de Pisten an hunn en Dag voller Héichpunkter tëscht Picknick, Schnéiballschluecht an enger spektakulärer Show erlieft.

11.03.2026

Lues a lues ginn eis SchülerInne ëmmer méi sécher op de Pisten. Och eis Ufänger konnten déi héich Biergloft schnupperen an de Mont Blanc vu wäitem gesinn. Op 2200 Meter gouf mëttes gepicknickt a Schnéiballschlachten absolvéiert. Nom Owesiessen si mir dann nach bis bei Big Air Ramp getrëppelt a konnten do eng Sprongshow mat exzeptionellen Tricker bestaunen.

09f6a2fa-73a2-4a57-9b7b-fbe661b015e6