Bereet fir de Summer: Mat eise 5 neie Mountainbikes geet et geschwënn op Entdeckungstour laanscht d'Musel an d'Wäibierger.
5 nei MTB!
03.03.2026
De Summer zu Gréiwemaacher ka kommen!
5 nei Mountainbikes si gëschter geliwwert ginn a waarden drop fir laanscht Musel, duerch Bëscher a Wäibierger kënnen ze fueren. Dir kënnt se Samsdes, de 25. Abrëll vun 9h00 bis 13h00 op eise Sportsstand wärend der Porte ouverte kucke kommen.

