Action um Schoulfest: Beim Dodgeball-Tournoi hunn iwwer 100 Participanten fir eng top Stëmmung gesuergt an hiert Kënnen gewisen.

…iwwer 100 Schüler waren derbäi
05.07.2024
Um Schoulfest hat d’3e-Optioun Sport mat Hëllef vum Här Simon Claude zwee grouss Dodgeballtournoien organiséiert. Iwwer 100 Schüler a Proffe konnte virun engem grousse Publikum hirt Kënnen ënner Beweis stellen. Mat extraen Dodgebäll a mat speziellen Netzer gouf gespillt an déi zwou Gewënnerequippe konnten zefridde mat hire Medaillen heem goen.







