
...egal op Sportshal oder Beach
01.07.2026
Nodeems et an der Hal am Februar scho geklappt hat, konnt eis Ekipp och de Proffenturnéier am Sand gewannen. 21 Lycéeën aus dem ganze Land haten sech am LMA zu Lamadelaine getraff fir géinteneen unzetrieden. Eis MLGators haten e perfekten Dag erwëscht a konnten all hir 9 Matcher gewannen.
An der Final koumen si op en 21 zu 18 géint de Lycée vun Dikrech. Eis Schüler kréien et also net einfach en Donneschden um Volleyballturnéier vum Schoulfest wann se géint eis Proffen untriede kënnen :)

