Mentalitéit mécht den Ënnerscheed: Mat vill Kampfgeescht an Teamspirit huet den MLG sech duerch d’Turnéier gekämpft an e respektabelt Resultat erreecht.

Traditionellen Tournoi zu Dikrech
24.01.2025
Freides, den 24. Januar 2025, huet den MLG um Volleyballturnéier, organiséiert vum LCD, deelgeholl.
An den éischte Minutten huet d’Equipe nach gedreemt, mee lues a lues ass se op Touren komm. Op eemol war de Maacher Lycée am leschte Gruppematch esouguer am Rennen ëm déi éischt Plaz! No enger spannender Verlängerung huet den MLG sech leider misste géint de Sportlycée geschloe ginn – domat gouf et d’3. Plaz an der Grupp.
Duerno ass et eréischt richteg lassgaangen: Just nach zu fënnef, awer mat där richteger Mentalitéit, goufen all weider Matcher souverän gewonnen! D’Belounung? Eng staark 7. Plaz.

