D’Rugby-Nationalekipp ufeieren

Rugby live erliewt: Eis Schüler waren am Stade de Luxembourg dobäi an hunn eng spektakulär Victoire vun der Nationalekipp mat 93:0 gefeiert.

93:0 gewonn!

06.12.2025

D’Lëtzebuerger Nationalekipp am Rugby huet op Kleeserchersdag géint Estland an hirer Conference gespillt. De Match war am Stade de Luxembourg an de Maacher Lycée war dank der LASEL, déi eis gratis Tickete ginn hunn, mat dobäi a konnt e phenomenaalt Resultat fir eis Ekipp bestaunen. Um Enn stoung et 93:0 fir Lëtzebuerg. Wow! Och wann eis 27 SchülerInnen sech bësse méi Spannung erhofft haten, war et ganz flott déi Sportaart mol live ze gesinn.​​

1