Sécher an héich eraus: No enger intensiver Kloter-Formatioun hunn eis Sportsproffen nei Techniken ëmgesat an informativ Plakater fir d’Praxis entwéckelt.
…fir méi Sécherheet!
27.10.2025
Eis Sportsproffen hunn iwwert Wochen eng 15h Formatioun am Klotere gemaach wou iwwert déi aktuellst Sécherheetsmesuren an déi neisten Techniken diskutéiert an ausprobéiert gouf. Doropshin hunn si sech zesumme gesat an 10 Kloterplakater entwéckelt déi elo am A1 Format nieft der Kloterwand an der Hal hänken.
