Ganz vill Sport an engem Dag…

Bühn, Ball a vill Teamspirit: Eis Schüler hunn op der LASEL mat Danz, Dodgeball a Fussball staark Performancen ofgeliwwert an sech verdéngt gefeiert.

…an dat och nach ganz erfollegräich!

16.04.2026

Mat dräi Ekippe ware mir läscht Woch op der LASEL vertrueden. An der Nomëttesaktivitéit Danzen hunn déi véier Meedercher (Xenia, Matilda, Hadassa a Marie) all Méinden am Lycée geüübt fir hire groussen Optrëtt op der Bün ze hunn. Si haten eng Choreografie virzeweisen a konnte mat hirem Danz an hirem Outfit,passend zu hirem Song, schlussendlech op eng stolz véierte Plaz kommen.

danzen2
dodge6

Net manner gutt ass et fir eis jonk Männer am Dodgeball gaangen. No dräi gewonne Matcher an der Gruppephase, goung et dann an eng Finalronn wou den éischte Match och un eis gaangen ass. Leider ass just dee leschte Match un de Géigner gaangen an domat gouf et eng formidabel zweete Plaz fir eis MLGatoren.

An déi grouss Gewënner zum Schluss! Eis jéngste Fussballer haten e super Dag erwëscht an hunn hir dräi Matcher um Lampertsbierg alleguerte gewonn. Si stinn also an zwou Wochen an der grousser Final.​

foot3