Eng historesch Victoire: D’Ekipp vum Maacher Lycée huet sech um Volleyball-Tournoi zu Dikrech bis an d’Finall gekämpft an do souverän den Titel fir d’éischt mat heem op d’Musel geholl.
D’Proffe gewannen den Interlycées Volleyball-Tournoi 2026
06.02.2026
De 6. Februar 2026 huet am LCD zu Dikrech nees de traditionelle Volleyball-Tournoi fir d’Lycéeë stattfonnt. Mat vill Begeeschterung an Asaz hu sech 18 verschidde Schoulen an am Ganze véier Gruppe gemooss. No de spannende Virronnen hu sech déi beschte véier Ekippen aus jiddwer Grupp fir d’Finalronn qualifizéiert.


D‘Léierpersonal aus dem Maacher Lycée war mat enger gudder Ekipp um Start a konnt an hirer Poule all Match gewannen. An der Haaptphas hu si du richteg Gas ginn a konnten sech bis an d’Finall kämpfen. Do stoung hinne Lokalekipp vun Dikrech géigeniwwer mee d’Ekipp vu Maacher konnt sech och do souverän mat 25-12 duerchsetzen an domat fir d’éischt an hirer Geschicht den Titel mat op d’Musel huelen. D’Gewënner aus dem Oste konnten hir verdéngte Präisser – eng Corbeille an déi traditionell „Backrull“ – mat Heem huelen. D’Backrull dierf elo fir ee Joer am Maacher Lycée stoen a muss mat nei aggravéiertem Gewënner am Holz nächst Joer erëm op den Tournoi matgeholl ginn.

