LASEL Boulderen 2026

Kloteren ouni Seel: Eis Schülerinnen hunn am Red Rock Climbing Center spannend Bouldering-Erfarunge gesammelt an sech un verschidde Schwéierkeeten erugewot.

zu Zolwer

05.03.2026

Just 60 SchülerInne aus dem ganze Land haten d’Chance fir iwwert LASEL op Zolwer an de Red Rock Climbing Center bouldere goen ze kënnen. Boulderen ass eng Form vu Kloteren ouni Seel an ouni Gurt an enger Héischt wou een nach vun der Mauer erofsprange kéint. D’Alexandra, d’Polly, d’Emilia an d’Mathilda aus dem MLG ware mat vir bei, hate ganz vill Spaass a missten an dräi Schwieregkeete verschidde Weeër bezwéngen.​​

2