LASEL Fußball Meedercher 2026

Teamspirit um Terrain: Trotz enger staarker Grupp hunn eis Meedercher mat vill Asaz a gudder Laun e flotte Fussballdag erlieft.

…7 géint 7 dobaussen um Terrain stoung um Programm fir eis Damme Fußballspillerinnen aus dem MLG.

07.05.2026

10 Meedercher aus eisem Lycée vun all Alter haten sech fonnt fir zesummen an der LASEL am Fussball géint aner Schoulen unzetrieden. Leschten Donneschdeg goung et fir Mara, Emma, Amina, Ana, Laia, Lina, Melina, Patricia, Stella a Lysa op Mamer fir do géint véier Ekippen ze spillen. Mir haten eng schwéier Grupp erwëscht a konnte just mat engem Punkt zum Schluss do stoen. Trotzdeem huet et vill Spa gemaach wat een gutt op der Foto ka gesinn!

ef993db6-8c86-427b-b79d-e898d23325c2