LASEL Laf ronderëm de Séi 2026

Eng staark Leeschtung bei Hëtzt: Eis 26 MLGators hunn déi usprochsvoll 6,6 km ronderëm de Séi gemeeschtert an all d’Zillinn erreecht.

…26 MLGators waren um Start

21.05.2026

Wat en Event! 1448 Schüler aus dem ganze Land treffen sech zu Iechternach fir eng Course vu 6.6 km ronderëm de Séi. Mir si ganz houfreg op eis 26 SchülerInne déi sech fir déi Challenge gemellt haten.

Bei héischen Temperature goung et op de Parcours deen net einfach war. All eis MLGators sinn am Ziel ukomm a konnte ganz stolz op sech sinn! De Schnellste aus eisem Lycée war de Mohamad mat 29:07 Minutten. Duerno den Tristen an Lucie, wat souguer bescht 9t a senger Kategorie gouf. Gratulatioun!​

1