LASEL Ski-Championnat 2026

Staark Leeschtung am Schnéi: Beim LASEL-Ski-Championnat huet de Len Bamberg mat enger Top-3-Plaz am éischte Laf geglänzt a sech géint eng staark Konkurrenz behaapt.

…zu Adelbboden (CH)

15.-18.01.2026

Vum 15. bis den 18. Januar huet de Len Bamberg (2CC) um Ski-Championnat vun der LASEL zu Adelboden deelgeholl.

Nodeems Freides nach konnt e bëssen trainéiert ginn, ass et e Samschden bäi beschtem Wieder a ganz äisegen an haarde Pisteverhältnisser mam Riseslalom lass gaangen.

IMG-20260118-WA0029
IMG-20260118-WA0009

De Len hat deen 1. Duerchgang bei de Junior/Senioren op der ganz gudder 3ter Plaz ofgeschloss. Hien hat e Retard vun 1’10 op deen Éischten, a grad emol 16/100 op deen Zweeten. Hannert him waren op manner wéi 4 Sekonnen direkt nach 5 Leefer. Et war also net fir am 2. Laf vill ze taktéieren. De Len huet deemno missen alles riskéieren, an ass leider net belount ginn an erausgefall.

Sonndes stoung de Slalom um Programm an dat bei nach ëmmer sonnegem Wieder an awer nach méi schwieregen a glate Pisteverhältnisser.

Hei war de Len no der 1. Ronn dee 5. ginn. Am 2. Duerchgang ass hien dunn déi drëttbescht Zäit gefuer a konnt säi Réckstand op déi 2 Leefer virdrun nach verkierzen. Zum Schluss hunn him leider 5/100 gefeelt fir nach eng Plaz gutt ze maachen. Fir eng Plaz um Podium waren et grad emol 46/100. Et war eng ganz flott Erfarung fir eise jonke Skirennleefer. Mir soen him Merci, dass hien eise Lycée sou positiv vertrueden huet a gratuléieren him fir seng gutt Leeschtungen!

20260118_110123