Staark Leeschtung um Geesseknäppchen: Trotz enger schwéierer Grupp hunn eis Schüler sech duerchgesat an de Placementmatch gewonnen – mat vill Spaass an Teamgeescht.
19.03.2026
En Donneschde waren d’Anne, d’Emylee, d’Christelle an de Lenny op de Geesseknäppche Volleyball an hirer Kategorie Minimes mixte spillen. Ganzer 23 Ekippen aus dem ganze Land ware vertrueden. An aner Wierder, d’Sportshal war voll!


Et gouf richteg gutt gespillt an eis nei Trikoten si net nëmme bei eis SchülerInne ganz gutt ukomm, mee och bei eise Géigner. Mir haten deen Dag eng schwéier Grupp erwëscht a konnten zum Schluss eise Platzéirungsmatch nach gewannen. Ënnert dem Stréch e coolen Dag mat vill Spaass an engem MLGator Sticker als Cadeau fir déi 4.


