Teamspirit trotz Donnerwieder: Mat enger impressionanter Leeschtung huet eis Ekipp sech bis un d'Spëtzt gespillt, och wann d’Turnéier virun der Finall ofgebrach gouf.
Tournoi fir d’Proffen
02.07.2025
De Maacher Lycée war mat enger motivéierter Ekipp um Beachvolleyballturnéier zu Lamadeleine vertruede. Déi éischt zwee Matcher si knapp verluer gaangen – mir waren nach net richteg agespillt an hu misste fir d’éischt eist Spill fannen. Awer ab dem drëtte Match ass et da richteg lassgaangen: mir hunn all weider Matcher gewonnen, d’Stëmmung war top, an d’Ekipp huet zesumme staark Leeschtunge gewisen. An der Gruppephase hu mir domat déi 3. Plaz erreecht – motivéiert fir nach méi. Leider huet d’Wieder eis e Stréch duerch d’Rechnung gemaach: Donnerwieder huet d’Organisateuren dozou gezwongen, d’Turnéier ofzesoen, kuerz virun de Finallen. Well et kee Gewënner ginn ass, bleift d’Coupe säit 2023 och dëst Joer nach beim Maacher Lycée.Mir freeën eis schonn op déi nächst Geleeënheet, fir eisen Titel ze verdeedegen – hoffentlech da mat Sonn an der Finall!
