D’Schüler hu gewielt!
22.02.2026
Et war net einfach! Mir waren op der Sich fir en neie Logo mat deem mir de Maacher Lycée op de LASEL a Sports – Competitioune vertriede kënnen. Ganz vill verschidden Iddien si vun de Proffen a vun de Schüler bei eis an der Sportshal gelant. Schlussendlech goufen de Päiperlek, d’Krokodil/Alligator an d’Drauwen an déi méi enk Auswiel opgeholl. Dunn gouf ganz vill gebastelt a gemoolt bis mir fäerdeg Variante virweise konnten.
De Vote vun de Schüler war awer ganz kloer an et si guer keng Froen opkomm; den Alligator sollt et sinn. Net Nëmmen ass Déier bekannt fir seng Kraaft a fir keng Angscht ze hunn, mee et ass och Maskottche vun eisem Premièrescomité wat läscht Joer an eiser Classe de Neige entstan ass. Deemnächst wäert dir eisen Alligator méi oft an der Schoul gesinn. Eng nei Uniform a Stickere sinn och schonn an der Maach. Mol kucken op d’MLGators méi erfollegräich wäerte sinn 🙂