Vun der Iddi op d’Kleedung: De Gewënner-Logo vum Gabriel Rimi gëtt elo am Alldag gedroen a mécht de Sport visuell nach méi präsent.

…e Projet zesumme mam Konschtdepartement
04.04.2024
Zesumme mat der Konscht, huet d’Madamm Di Nicolo Cindy an engem Projet mat de SchülerInnen aus der 5G2 e Logo fir de Sport erstallt. Um Enn konnt dem Gabriel Rimi säi Logo gewannen a gouf vun de Sportsproffen ausgewielt. D’Logo gesi Schüler säit deem all Dag op de Sportsproffen hirer Kleedung. Weiderhi gesitt dir nach aner super Logoe vun de SchülerInnen.


