Konscht trëfft Sport: Inspiréiert vum olympesche Skateboarden hunn d'Schüler kreativ Boards gestalt, déi elo eis Maueren zum Blénke bréngen.
…um éischte Stack an der Sportshal!
17.09.2025
Säit 2020 ass Skateboarden eng offiziell olympesch Disziplin bei de Fraen a bei de Männer. 2024 sinn se zu Tokio gefuer a läscht Joer zu Paräis. Japan huet bis elo déi meescht Medaile konnte mat heem huelen. 5 mol Gold, 3 mol Sëlwer an 1 mol Bronze. Eis Konschtproff Stéphanie May huet mat der Klass 1GSO2 läscht Joer am Cours Arts et Culture wonnerschéi Skateboarden bemoolt. Puer hunn et bei eis op d’Mauer gepackt an et ass nach genuch Plaz do fir déi Nächst. Merci Jean-Claude fir d’ophänken.

