Däin IAM
Däin IAM ass deng Identifikatioun am Lycée. All IAM ass eenzegaarteg a besteet aus dräi Buschtawe vun dengem Familljennumm, 2 Buschtawe vun dengem Virnumm an dräi Zuelen. Am beschte verhäls de der däin IAM, e steet awer och op denger Schülerkaart, déi s du souwisou ëmmer solls dobäi hunn. Den IAM brauchs de zum Beispill fir dech an d’Computeren am Maacher Lycée anzeloggen, däin elektronesche Stonneplang ze benotzen, a fir villes méi wéi z.B fir dech an verschidden Appen anzeloggen.
Du hues däi Passwuert vergiess ?
En neit Passwuert fir an de WebUntis a fir an den Office 365 kann op iam.education.lu ugefrot ginn. Dofir klicks de ënner Perte/Oubli de mot de passe op Go.
Da gëss de deng Matricule (vun der Carte de sécurité sociale) an a kräiz Courrier postal un. Da klicks de op Envoyer.
Innerhalb vun 2-3 Deeg kriss de en neien Aktivatiounsbréif. Domat kanns de däi Passwuert nei ariichten.