Een Dag als Architekt:in an Ingenieur:in
Den 4. Februar 2026 hunn d'Schüler:innen vun de Klassen 4GIG, 3GIG, 2GIG, 4C1, 4C2 an 3C(L)_BCDG um Event „Een Dag als Architekt:in an Ingenieur:in“ deelgeholl. Dësen Dag gouf vum OAI (Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils) a Kooperatioun mat der Cellule d’orientation et d’intégration scolaires organiséiert.
Am Laf vum Dag haten d'Schüler:innen d’Méiglechkeet, un dräi verschiddene Workshoppen deelzehuelen: Architektur, Statik an Haustechnik. An dëse praktesch orientéierte Workshoppen hunn si net nëmmen theoretescht Wësse vermëttelt kritt, mee och konkret Aufgaben iwwerholl, déi hinnen en authenteschen Abléck an den Alldag, d’Aarbechtsmethoden an d’Herausfuerderunge vun Architekt:innen an Ingenieur:innen erméiglecht hunn.